-
Virun e puer Wochen koum ee Wikipedianer mat enger groussarteger an wierklech verrécktener Iddi op mech zou.
-
Hien huet gemengt, dass mer probéieren sollten, Wikipedia als Weltkulturierfschaft bei der UNESCO unerkennen ze loossen.
-
Wou ech fir d'éischte Kéier vun där Iddi héieren hun, hun ech mer geduecht "Ass dat iwwerhaapt sënnvoll?"
-
Dono hun ech mer d'Critérien ugekuckt, déi fir d'Weltkulturierfschaft gëllen
-
an Wikipedia erfëllt déi beschtens.
-
Vill Mënschen gesinn Wikipedia als technescht Phänomen oder eng technesch Errungenschaft,
-
mee dobäi ass et a Wierklechkeet eppes aaneschtes. Wikipedia heescht Kulturwandel, et ass eng kulturell Errungenschaft.
-
Dofir probéieren mir elo Folgendes: Mir hun eng Pétitioun opgesat an
-
wëllen esou vill Leit ewéi méigeleg dozou beweegen, dëss ze ënnerschreiwen. Dann schécken mer se un d'UNESCO an probéieren
-
déi dovun ze iwwerzeegen, dass et sech ëm eng wierklech groussarteg Iddi handelt, déi vu Mënschen op der ganzer Welt ennerstëtzt gëtt.
-
Dëss Mënschen bedeelegen sech ausserdem un dëser Aktioun, iwwerall op der Welt an an allen méigelegen Sproochen.
-
Ausser dem Ennerschreiwen vun der Pétitioun kënnt der awer nach méi maachen.
-
Wann dir dat hei deelt, andeems der eng E-Mail mam Link un är Frënn schéckt. Wann der op Twitter sidd, dann twittert et.
-
Wann der op Facebook sidd, dann post' et do. Wann der e Blog hutt, dann bloggt heiriwwer.
-
All déi Plaazen, un deenen der iech online ophaalt: wann der ons dobäi hëlleft, et weider ze soen an dobäi sou vill Mënschen ewéi méigeleg ze erreechen,
-
dann denken ech, dass mer et packen kënnen.
-
Et ass ewéi bei Wikipedia selwer: wat méi Leit matmaachen, wat d'Chance méi grouss ass,
-
dass mer onst Ziil erreechen.
-
Wannechglift ënnerschreiwt d'Pétitioun.