Virun e puer Wochen koum ee Wikipedianer mat enger groussarteger an wierklech verrécktener Iddi op mech zou. Hien huet gemengt, dass mer probéieren sollten, Wikipedia als Weltkulturierfschaft bei der UNESCO unerkennen ze loossen. Wou ech fir d'éischte Kéier vun där Iddi héieren hun, hun ech mer geduecht "Ass dat iwwerhaapt sënnvoll?" Dono hun ech mer d'Critérien ugekuckt, déi fir d'Weltkulturierfschaft gëllen an Wikipedia erfëllt déi beschtens. Vill Mënschen gesinn Wikipedia als technescht Phänomen oder eng technesch Errungenschaft, mee dobäi ass et a Wierklechkeet eppes aaneschtes. Wikipedia heescht Kulturwandel, et ass eng kulturell Errungenschaft. Dofir probéieren mir elo Folgendes: Mir hun eng Pétitioun opgesat an wëllen esou vill Leit ewéi méigeleg dozou beweegen, dëss ze ënnerschreiwen. Dann schécken mer se un d'UNESCO an probéieren déi dovun ze iwwerzeegen, dass et sech ëm eng wierklech groussarteg Iddi handelt, déi vu Mënschen op der ganzer Welt ennerstëtzt gëtt. Dëss Mënschen bedeelegen sech ausserdem un dëser Aktioun, iwwerall op der Welt an an allen méigelegen Sproochen. Ausser dem Ennerschreiwen vun der Pétitioun kënnt der awer nach méi maachen. Wann dir dat hei deelt, andeems der eng E-Mail mam Link un är Frënn schéckt. Wann der op Twitter sidd, dann twittert et. Wann der op Facebook sidd, dann post' et do. Wann der e Blog hutt, dann bloggt heiriwwer. All déi Plaazen, un deenen der iech online ophaalt: wann der ons dobäi hëlleft, et weider ze soen an dobäi sou vill Mënschen ewéi méigeleg ze erreechen, dann denken ech, dass mer et packen kënnen. Et ass ewéi bei Wikipedia selwer: wat méi Leit matmaachen, wat d'Chance méi grouss ass, dass mer onst Ziil erreechen. Wannechglift ënnerschreiwt d'Pétitioun.