0:00:00.520,0:00:04.990 Virun e puer Wochen koum ee Wikipedianer mat enger groussarteger an wierklech verrécktener Iddi op mech zou. 0:00:04.990,0:00:10.750 Hien huet gemengt, dass mer probéieren sollten, Wikipedia als Weltkulturierfschaft bei der UNESCO unerkennen ze loossen. 0:00:10.750,0:00:14.650 Wou ech fir d'éischte Kéier vun där Iddi héieren hun, hun ech mer geduecht "Ass dat iwwerhaapt sënnvoll?" 0:00:14.650,0:00:18.460 Dono hun ech mer d'Critérien ugekuckt, déi fir d'Weltkulturierfschaft gëllen 0:00:18.460,0:00:19.580 an Wikipedia erfëllt déi beschtens. 0:00:19.580,0:00:23.890 Vill Mënschen gesinn Wikipedia als technescht Phänomen oder eng technesch Errungenschaft, 0:00:23.890,0:00:28.710 mee dobäi ass et a Wierklechkeet eppes aaneschtes. Wikipedia heescht Kulturwandel, et ass eng kulturell Errungenschaft. 0:00:28.710,0:00:32.230 Dofir probéieren mir elo Folgendes: Mir hun eng Pétitioun opgesat an 0:00:32.230,0:00:35.930 wëllen esou vill Leit ewéi méigeleg dozou beweegen, dëss ze ënnerschreiwen. Dann schécken mer se un d'UNESCO an probéieren 0:00:35.930,0:00:39.140 déi dovun ze iwwerzeegen, dass et sech ëm eng wierklech groussarteg Iddi handelt, déi vu Mënschen op der ganzer Welt ennerstëtzt gëtt. 0:00:39.140,0:00:43.079 Dëss Mënschen bedeelegen sech ausserdem un dëser Aktioun, iwwerall op der Welt an an allen méigelegen Sproochen. 0:00:44.680,0:00:48.010 Ausser dem Ennerschreiwen vun der Pétitioun kënnt der awer nach méi maachen. 0:00:48.010,0:00:53.540 Wann dir dat hei deelt, andeems der eng E-Mail mam Link un är Frënn schéckt. Wann der op Twitter sidd, dann twittert et. 0:00:53.540,0:00:56.969 Wann der op Facebook sidd, dann post' et do. Wann der e Blog hutt, dann bloggt heiriwwer. 0:00:56.969,0:01:01.570 All déi Plaazen, un deenen der iech online ophaalt: wann der ons dobäi hëlleft, et weider ze soen an dobäi sou vill Mënschen ewéi méigeleg ze erreechen, 0:01:01.570,0:01:04.969 dann denken ech, dass mer et packen kënnen. 0:01:04.969,0:01:08.520 Et ass ewéi bei Wikipedia selwer: wat méi Leit matmaachen, wat d'Chance méi grouss ass, 0:01:08.520,0:01:09.709 dass mer onst Ziil erreechen. 0:01:09.709,0:01:11.169 Wannechglift ënnerschreiwt d'Pétitioun.